Centre pour le développement des apprentissages
26/10/2021

Webinaire: « ADHS – Eng Diagnos, keng Meenung! »

Am Kader vum Mount fir den ADHS haten de Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend, de Centre pour le Développement des apprentissages Grande-Duchesse Maria Teresa (CDA) an de Service de consultation et d’aide pour troubles de l’attention, de la perception et du développement psychomoteur (SCAP) zesumme mam radio 100,7 a mam SCRIPT den Dënschdeg 26. Oktober 2021 vu 14.30 bis 16.00 e Webinaire iwwer d’Opmierksamkeetsdefizit-/Hyperaktivitéitsstéierung organiséiert.

Am Studio waren: d’Liane Königs, Pedopsychiater a Psychotherapeutin, d’Manuelle Schank, Pedagogin a Psychotherapeutin am CDA, d’Liz Theis, Ergotherapeutin a Master of Arts an der ëffentlecher Gesondheet um SCAP an den Dr Alexander Marcus, Pedopsychiater a Psychotherapeut.

Iwwerdeems waren an der Emissioun eng Rei vun Témoignagen an Analysen ze héieren an d’Nolauschterer konnte Froen erareechen.

Schonn am Virfeld war den Interessi um Webinaire ganz grouss. Iwwer 1.000 interesséiert Persounen hate sech iwwer den IFEN – de Formatiounsinstitut vun der Education Nationale – ageschriwwen fir deen als Formatioun unerkannte Webinaire ze suivéieren. Beim CDA haten sech iwwerdeems iwwer 375 Persounen iwwer de Site www.tdah.lu ugemellt.

Dir konnt d’Emissioun net live suivéieren, oder wëllt se nach eng Kéier lauschteren? Dat kënnt Dir iwwer dëse https://youtu.be/QN7QrVaaPC0 Link maachen.

De Webinaire war en Deel vun enger ganzer Rei vun Evenementer am Kader vum Mount fir den ADHS, mam Zil, méi iwwer d’Opmierksamkeetsdefizit-/Hyperaktivitéitsstéierung ze informéieren an ze sensibiliséieren.